Event

Wéi erliewe Kanner Literacy an der Crèche?

  • Speaker  Valérie Kemp

  • Location

    Maison des Sciences Humaines, Blackbox

    porte des Sciences 11

    4366, Esch-sur-Alzette, Luxembourg

  • Topic(s)
    Humanities
  • Type(s)
    In-person event

Beschreiwung

Fréi Erfarunge mat Schrëftsprooch, oder Literacy, ënnerstëtze Kanner an hirer Sproochentwécklung a leeën e wichtege Grondstee fir dat spéidert Liesen- a Schreiweléieren. Mee wéi kënnt Dir d’Schrëftsprooch an der non-formaler fréier Bildung fërderen? A wéi kënnt Dir d’Kanner besser an hirem Léierprozess begleeden?

Während enger Stonn diskutéiere mir dës an aner Froen, mam Bléck op d’Fuerschung a Beispiller aus der Praxis.

Organisatioun

BilingualismMatters@Luxembourg

Schreift iech w.e.g (wéinst dem Patt) bis den 29.11.24 an beim isabel.jimenez@ext.uni.lu.
Froen zum Thema kënnt Dir schécken un valerie.kemp@uni.lu.