Lëtzebuerg zeechent sech duerch eng historesch gewuesse Méisproochegkeet aus. Dëst féiert dozou, datt Spriecher*innen an hirer Kommunikatioun méi ewéi eng Sprooch benotzen a souguer an engem Gespréich tëscht méi Sproochen hin- an hierwiessele kënnen, wat an der Sproochwëssenschaft ëfters als CodeSwitching bezeechent gëtt. Meng Presentatioun, déi besonnesch computermediéiert Kommunikatioun betruecht, konzentréiert sech op dräi W-Froen: Wéi, wéini a wou gëtt Code-Switching vu lëtzebuergesche Spriecher*inne benotzt?
- Umeldung: Per Mail (tickets@cape.lu), per Telefon (2681 2681) oder an der Oweskeess (Entrée: 11 €).
De Konferenzzyklus ‘Sprooch a Literatur zu Lëtzebuerg’ gëtt organiséiert vum CAPE an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft.