D’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft invitéiert häerzlech op sengem Fréijoerscolloque, op der Plaz an der Maison des Sciences humaines oder online iwwer Webex.
An dësem Colloque stelle mer Aspekter aus der aktueller Fuerschung ronderëm d’Lëtzebuergescht vir – vun der Linguistik bis bei d’Literaturwëssenschaft. Wann Der nach Froen hutt oder selwer an deem Beräich eppes virstelle wëllt, da mellt Iech bei caroline.doehmer@uni.lu oder melanie.wagner@uni.lu.