Op dësem Forum Z gouf driwwer diskutéiert wat et op der Schueberfouer an den 1960er ze gesinn an ze di gouf. Wat war deemools populär? Wat hunn d‘Leit giess? Wéi war et fir d‘Lampertsbierger Kanner esou no bei der Fouer ze wunnen? Wéi war et fir Forainskanner op der Fouer hir Vakanz ze verbréngen? Wat huet d’Stad Lëtzebuerg mat der Fouer ze dinn? Dat an nach vill méi gouf an engem entspaante Kader am Restaurant ‘An der Flesch’ Samsdes Moies, den 9. September 2023, op der Fouer diskutéiert.
Den Theema vun dësem Forum Z baséiert op enger Dokteraarbecht iwwer déi national, transregional an transnational Verflechtungen um Beispill vun der Schueberfouer vu 1945 bis 1975 a wéi sech dës Verflechtungen an dësem Zäitraum verännert hunn.
Programm
Introduktion vum Ass.-Prof. Dr. Denis Scuto (C²DH)
Diskussioun:
- Véronique Faber (C²DH)
- Liette Majerus (eh. Centre d’Acceuil pour enfants des forains)
- Charles Hary (Fédération Nationale des Commerçants Forains)
- Laurent Schwaller (SERVICE ESPACE PUBLIC, FÊTES ET MARCHES vun der Stad Lëtzebuerg)
- Kyra Thielen (Lëtzebuerg City Museum)
Moderation: Magali Paulus, CELL
Mat enger Live-Visualiséierung vun der Diskussioun op enger grousser Leinwand, mam Dr. Katy Fox, Mycelium.