Event

Lëtzebuerger Mickimausen aus den 70er an 80er Joren

  • Location

    Lycée Michel Rodange

    30 Bd Pierre Dupong

    1430, Luxembourg, Luxembourg

  • Topic(s)
    Humanities
  • Type(s)
    Conferences, Free of charge, In-person event

An den 1970er an 1980er Joren gouf zu Lëtzebuerg eng Zeen vun onofhängege Bande-Dessinéeën, ronderëm Fansinnen, BD-Butteker, Artikelen a Strips an aus Zeitungen sou wéi Zäitschrëften asw. gebuer. Vun de Changementer an den Nopeschlänner inspiréiert, hate verschidde Männer – d’Frae waren, wéi et schéngt, absent – probéiert eng Bande Dessinée niewt de Mickymausen ze erschafen. Den Owend kréie verschidden Acteuren aus där Epoch d’Wuert.

Invitéën:

  • Dan ALTMANN (Zeechner)
  • Charel BAUER (BD-Sammler)
  • Lucien CZUGA (Szenarist)
  • Claude GENGLER (Zeechner)

Den Entrée as fräi.