Event

Mikrobiom – wéi beaflosst dës on-siichtbar Welt eis Gesondheet?

To celebrate its 20th anniversary, the University of Luxembourg invites you to the Science Lecture Series “20 years of ideas”. Discover cutting-edge science and solutions for the world of tomorrow and meet with researchers from the University of Luxembourg. The lectures are open to all and free of charge.

On 10 October Prof. Dr. Paul Wilmes, Head of the Systems Ecology Research Group and Deputy Director of the Luxembourg Centre for Systems Biomedicine of the University of Luxembourg will provide an overview of the human microbiome and its role, how it is studied at the University of Luxembourg, and how it can impact health and diseases.

The lecture will be held in Luxembourgish and followed by a networking cocktail.

Agenda

18.00 – Lecture
18.45 – Q&A
19.00 – Networking cocktail

Abstract

Souwuel bannend wéi baussend eisem Kierper lieft eng riseg Varietéit vu Mikroorganismen, déi kollektiv als Mikrobiom bezeechent ginn. Et handelt sech ëm Bakterien, Pilzen, Viren an aner Mikroben. Si spillen eng wesentlech Roll bei der Verdauung, der Entwécklung vum Immunsystem an der Gesondheet am Allgemengen. An de leschte Joren ass  besonnesch den Darmmikrobiom mat ville Krankheeten associéiert ginn, vun Diabetes bis Autismus, vu Kriibs bis Neurodegeneratioun.

A sengem Virtrag gëtt de Prof. Paul Wilmes en Iwwerbléck iwwer de mënschleche Mikrobiom a seng Roll, wéi et am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine vun der Universitéit Lëtzebuerg studéiert gëtt a wéi en Afloss op d’Gesondheet a Krankheeten kann hunn. Hien presentéiert Beispiller aus rezente Fuerschungsstudien z.B. iwwert:

  • wéi d’Aart a Weis wéi mir gebuer ginn, d’Entwécklung vum Mikrobiom bei Puppelcher beaflossen,
  • wéi eng Kombinatioun vu Mikroben an Ernährung d’Entwécklung vu Darmkriibs a Parkinson beaflossen,
  • wat de Mikrobiom eis iwwer déi fréi Stadien vun neurodegenerative Krankheeten wéi Parkinson and Alzheimer ka soen, an
  • wéi mir Afloss op de Mikrobiom kënnen huelen fir gesond ze bleiwen.