Testimonials

De Studium erméiglecht d’Uspréch vun engem heterogeenen a méisproochege Schoulsystem ze verstoen ”

Pietro Marchesini

Alumnus a Lëtzebuergeschprofesser

“De Master gëtt engem engersäits eng zolidd Basis an der Luxemburgistik. Anerersäits bereet en och op eng Karriär als Léierpersoun am Enseignement Secondaire vir. De Studium erméiglecht d’Uspréch vun engem heterogeenen a méisproochege Schoulsystem ze verstoen an dës Erausfuerderungen unhand vun de geléierte pedagogeschen an didakteschen Hëllefsmëttelen och unhuelen ze kënnen.”