D’Sproochpolitik zu Lëtzebuerg ass e Sujet, deen ëmmer erëm op sëllege Plazen a vun de verschiddensten Acteuren
diskutéiert gëtt. Déi méisproocheg Situatioun zu Lëtzebuerg féiert dozou, datt de Sproochgebrauch an den
ënnerschiddlechste Beräicher, sief et op der Schaff, der Schoul, de Medien oder souguer doheem, gereegelt gëtt. Dëse
Virtrag beliicht verschidde Facettë vu Sproochpolitik zu Lëtzebuerg a weist, wéi erfollegräich oder och net dës ka sinn.
- Umeldung: Per Mail (tickets@cape.lu), per Telefon (2681 2681) oder an der Oweskeess (Entrée: 11 €).
De Konferenzzyklus ‚Sprooch a Literatur zu Lëtzebuerg‘ gëtt organiséiert vum CAPE an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft.