Säit 2018 organiséiert den Institut de langue et de littératures luxembourgeoises vun der Universitéit Lëtzebuerg, an enker Zesummenaarbecht mat de kulturellen Institutiounen, eng Rei Konferenzen zu der Lëtzebuerger Kulturgeschicht vum 19. Joerhonnert bis an d’Géigewaart.
No der 1. Konferenz am Januar, presentéiert d’Christiane Kremer elo den 2. Deel vun der Geschicht vum Kanner- a Jugendtheater zu Lëtzebuerg am Kader vun der Journée Mondiale du spectacle pour l’enfance et la jeunesse vun der ASSITEJ.
Theater fir, vun a mat Kanner a Jonke gëtt et zënter 200 Joer zu Lëtzebuerg : an der Schoul, an de Veräiner, iwwer Land an op de grousse Bünen. Ob Märercher, realisteschen Theater, Theater mat Poppen, mat Objeten – lues a lues huet sech de Milieu ëmmer méi professionaliséiert mat Hëllef vun neien Offeren a Plazen. 2007 gouf de jonke Publikum an de Fokus vu „Lëtzebuerg a Groussregioun, Kulturhaaptstad“ gestallt.
Wat ass zënterhier passéiert ? Wou ass de Kanner- a Jugendtheater drun a wuer wëll en nach hin ? Doriwwer schwätzt d’Christiane Kremer mam Jean Bermes, Betsy Dentzer, Laura Graser, Carole Lorang, Nathalie Moyen an Dan Tanson.
Kontakt

Iwwert de Projet
