Den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft freet sech, op eng wëssenschaftlech Konferenz opmierksam ze maachen, déi vum 8. – 10. Oktober 2024 um Campus Belval ass.
Invitéiert sinn international Fuerscher a Fuerscherinnen am Beräich Movéierung (sproochlech Referenz op Fraen an d’Markéierung dovunner). Well et eng international Konferenz ass, sinn d’Sproochen Däitsch an Englesch.
Et besteet d’Optioun, sech als Nolauschterer.in unzemellen – online via Webex oder op der Plaz.
Organisatioun: Caroline Döhmer (Luxemburg), Alexander Werth (Passau)