Event

Lëtzebuerger Literatur am ëffentleche Raum

  • Referent  Jeanne E. Glesener

  • Ort

    CAPE

    1, Place Marie-Adélaïde

    9063, Ettelbruck, Luxembourg

  • Thema
    Geisteswissenschaften, Literatur
  • Typ
    In-person event, Vorträge

D‘Presenz vun der Literatur am ëffentleche Raum seet vill iwwert hir Plaz an der Gesellschaft aus. Grad fir d‘Lëtzebuerger Literatur, déi beim grousse Public manner bekannt ass, stellt sech d‘Fro, wat fir eng Roll a Funktioun hir am ëffentleche Raum zougeschriwwe gëtt.

An engem Tour duerch d‘Lëtzebuerger Literatur zënter dem 20. Joerhonnert wäerte mir äis dës Bezéiung méi genau ukucken. An engem weidere Schratt wäerte mir op den Engagement vun der Literatur géint d’Zerstéierung vun historesch wichtege Bauten am ëffentleche Raum agoen.

  • Umeldung: Per Mail (tickets@cape.lu), per Telefon (2681 2681) oder an der Oweskeess (Entrée: 11 €).

De Konferenzzyklus ‚Sprooch a Literatur zu Lëtzebuerg‘ gëtt organiséiert vum CAPE an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft.

Diesen Beitrag teilen