Avec Marc Angel et Sonja Kmec
Modération : Gérard Floener (RTL Lëtzebuerg)
Ufank vum 19. Joerhonnert, iergendwou an den Ardennen. E puer Joer virdrun huet de Buergermeeschter vun engem klengen Duerf un deem Opstand géint d’Truppen vum Napoléon deelgeholl, deen ënnert dem Numm Klëppelkrich (guerre des gourdins) an d’Geschicht goung. An der Tëschenzäit huet hien sech ëmgedréit fir sech der neier Muecht z’ënnerwerfen. Wann d’Fransouse vu senger Vergaangenheet sollte gewuer ginn, géif dat fir hien d’Guillotine bedeiten. Bis elo leeft alles gutt fir hien a seng zwee Jünger, awer e fréiere Waffenkolleg, deen am Bësch verstoppt lieft, kënnt säi Spill opfléie loossen.
Am Gespréich mam Gérard Floener stellt de Marc Angel seng BD vir an de Sonja Kmec beluecht déi historesch Hannergrënn vun der BD.
De Marc Angel ass Illustrateur a BDs-Auteur („De Schëmmelreider vun Useldeng“, „Schichtwiessel“, „De Jas“ (Szenario J-L Schlesser) „De Jas kënnt zréck“ (id) „Schortgen“ (Szenario Charel Meder). Seng Zesummenaarbecht mam Samuel Hamen, „Zeeechen“, gouf mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. Säi lescht Wierk „La Mauvaise heure“ (Szenario J-L Schlesser) ass beim franséische Verlag Mosquito erschéngen a gouf vun der franséischer a belscher Press eenhelleg gelueft.
D‘Sonja Kmec (gebuer 1976) huet zu Paräis-Sorbonne, Glasgow, Durham an Oxford Geschicht studéiert. Zënter 2010 ass si Professesch am Fakultéit Geschicht vun der Uni Lëtzebuerg mat engem Fokus op Kulturgeschicht.
- En luxembourgeois
- Entrée libre
- Inscription : info@ipw.lu ou par téléphone au +352 49 04 43-1