Den 10. Mee 1940 gouf Lëtzebuerg vun der däitscher Wehrmacht besat. Kuerz drop ass alles an Ugrëff geholl ginn fir d’Land kulturell „heim ins Reich“ ze féieren. De Conservatoire ass zur Landesmusikschule Luxemburg ëmfunktionéiert ginn: D’Musek sollt däitsch sinn an d’Fraen am Prinzip doheem bleiwen. Mee am Conservatoire waren d’Fraen awer staark am Léierpersonal vertrueden.
Wat fir een Impakt hat d’NS-Besatzung op hiert Liewen a musikalescht Schaffen? Hu si sech arrangéiert kritt, fir hir Plaz ze halen? Hunn si misse flüchten? Hu se an hire Kompositiounen Resistenz ausgedréckt? Goufen hir Stécker nach opgefouert?
Am Kader vum Projet Klangbilder der Stadt Luxemburg gëtt d’Geschicht vun de Musekerinnen zu Lëtzebuerg erfuerscht an erëm zum Klénge bruecht. Sou spillen an dësem Concert-Conférence Schüler:innen a Proff:innen aus dem Stater Conservatoire Stécker vu Lëtzebuerger Komponistinnen aus der Krichszäit.
Conférencière
Danielle Roster
- Umeldung : T +352 4796 4500 oder visites@2musees.vdl.lu
- De Concert fënnt um Niveau 0 vum Lëtzebuerg City Museum statt.
Foto: Masterclass vun der däitscher Pianistin Elly Ney zu Lëtzebuerg, 1942, Herbert Ahrens © Photothèque de la Ville de Luxembourg