Event

Buchvorstellung: Die Geschichte der Stadt Luxemburg in 99 Objekten

  • Conférencier  Prof. em. Dr. Michel Pauly

  • Lieu

    Auditoire Lëtzebuerg City Museum

    LU

  • Thème(s)
    Sciences humaines

Bis haut feelt eng aktuell wëssenschaftlech Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg. Dëst Buch probéiert dat Lach e bësschen zouzeman. Un Hand vu 99 Objeten ginn déi wichtegst Etappe vun der urbaner Besidelung, der Bau-, Sozial-, Wiertschafts-, Kultur-, Kierchen- an Alldagsgeschicht vun der Stengzäit bis haut duergestallt. Et liwwert awer och bei all Kapitel eng ausféierlech Bibliographie déi et erlaabt, de Sujet ze verdéiwen, grad wéi och Ustéiss, wat nach misst erfuerscht ginn. Domat hofft et, souwuel Student:innen a Fuerscher:innen wéi och net wëssenschaftlech virgebillte Leit unzespriechen. Ronn zwee Drëttel vun de 99 Objete stamen iwweregens aus dem Lëtzebuerg City Museum.

  • Inscription: T +352 4796 4500 – visites@2musees.vdl.lu