Event

D’Chronik vum Dalimil, eng Geschicht op Tschechesch am 14. Jh. | radio 100,7

  • Conférencier  Éloïse Adde-Vomáčk

  • Lieu

    LU

  • Thème(s)
    Sciences humaines

D’Historikerin Éloïse Adde-Vomáčka huet d’Chronique de Dalimil, en tschechechen Nationalepos, op Franséisch iwwersat an analyséiert.

Am 14. Joerhonnert war d’Haus vu Lëtzebuerg mat Béimen verbonnen, duerch de Fait, datt de Jang de Blannen do Kinnek gouf. D’Chronik vum Dalimil, déi an alem Tschechesch verfaasst ass, weist, iwwert de Wee vun enger historescher, mythologescher a literarescher Duerstellung vum Land, wéi de béimeschen Adel seng Positioun géintiwwer dem Kinnek verdeedegt huet. Dobäi huet en och op en nationalisteschen Discours zréckgegraff. D’Éloïse Adde-Vomáčka, déi elo fir d’éischt eng Iwwersetzung op Franséisch virleet, analyséiert dëst Muechtspill. D’Renée Wagener ënnerhält sech mat der Historikerin.